Faktencheck: KI-generéiert Bild gëtt genotzt, fir tatsächlechen Attack wärend der Migratiounskris zu Ceuta falsch duerzestellen
Faktencheck KI-generéiert Bild gëtt genotzt, fir tatsächlechen Attack wärend der Migratiounskris zu Ceuta falsch duerzestellen Obwuel d'Bild aus enger reeller Zeen aus engem Video geholl gouf, gouf et trotzdeem nach mat KI manipuléiert, fir et nach méi dramatesch duerzestellen. Zéngdausende Migranten hunn Enn Juli 2026 probéiert, aus Marokko op Ceuta, eng spuenesch Exklav an Nordafrika, ze kommen. E Bild, dat online zirkuléiert, gëtt vir, e marokkaneschen Offizéier ze weisen, wéi en engem Migrant e Fiels op de Kapp schloe wëll. Dëst ass allerdéngs ierféierend: Och wann eng änlech Zeen vun Zeien opgeholl gouf, ass d'Bild, dat als Beweis dofir gedeit gëtt, mat OpenAI generéiert ginn. "E spuenesche Journalist huet op Foto festgehalen, wéi e Member vun der marokkanescher Arméi engem vu senge Matbierger, deen zeréck a Marokko wëll, kalbliddeg e schwéiere Steen op de Kapp gehäit (sic)", steet an engem Facebook-Post, deen den 2. August 2026 publizéiert gouf. D'Bild weist en Zaldot a grénger Uniform an engem Helm, deen een normalerweis bei Opstänn oder Manifestatiounen unhuet, deen amgaangen ass, fir e Mann, deen op e Fiels eropklëmmt, mat engem grousse Steen ze attackéieren. Verschidden User, déi ënnert dem Post e Kommentar hannerlooss hunn, schéngen ze gleewen, datt d'Bild d'Wourecht duerstellt an net manipuléiert wier. "Dee Mann wäert sécher stierwen (sic)" , huet een Notzer geschriwwen, wärend en aneren et als "ganz traureg" bezeechent huet. Anerer sinn dervun ausgaangen, d'Bild wier warscheinlech duerch KI generéiert. Änlech Behaaptunge goufen och op anere Plazen an Afrika ( hei , hei ) an och an anere Sproochen, dorënner Tschechesch a Franséisch , gedeelt. Méi al Posts mam selwecht Bild ware scho méi fréi widderluecht ginn ( hei an hei ), nodeems d'Bild fälschlecherweis der Noriichtenagence Reuters zougeschriwwe gouf (archivéiert hei an hei ). An engem anere X-Post gouf och behaapt, d'Bild géif en israeeleschen Zaldot weisen, deen e Mann an der Gazasträif ugräift. Kris un der Grenz vu Ceuta Dës Aussoe koumen am Kontext vun den Evenementer Enn Juli op, wéi Zéngdausende vu Leit, meeschtens Marokkaner, an déi spuenesch Exklav Ceuta an Nordafrika gestiermt sinn (archivéiert hei ). Spuenien huet dofir Zaldote geschéckt, fir d'Sécherheet z'erhéijen, nodeems déi gréisst jeemools erfaasst Grenziwwerschreidung d'Regioun an eng international Kris gestierzt huet (archivéiert hei ). D'Autoritéiten hunn de 5. August gemellt, op d'mannst 77 Leit wiere gestuerwen, an datt vun den 72.000 Migranten, déi Ceuta erreecht hunn, mëttlerweil 70.000 nees a Marokko zréckgaange wieren (archivéiert hei ). Fiktioun trotz Ähnlechkeeten Obwuel et e Video vum Grenziwwergang gëtt, deen eng änlech Zeen weist wéi d'Bild, dat am Internet zirkuléiert, ass d'Eru-Zoome vum Bild selwer eng Fälschung. Eng genee Analys vum Bild huet typesch Charakteristike vu KI-Biller opgedeckt: verpixelt Kanten un de Persounen an um Fiels wéi och verformt Hänn beim Mann, deen de Fiels eropklëmmt. E Waasserzeeche vu Google SynthID gouf duerch de Verifizéierungstool vun OpenAI erkannt. Dat confirméiert, datt d'Bild mat Kënschtlecher Intelligenz generéiert gouf. Dësen Tool erkennt verstoppt Signaler an de Biller, déi op d'Benotze vun OpenAI-Tooler wéi ChatGPT hiweisen. Egal, ob d'Bild domadder selwer erstallt oder just nogebessert gouf. Eng Billersich féiert een op en Artikel vun der marokkanescher Noriichteplattform Tanja7 vum 31. Juli 2026, an där e YouTube -Video gewise gëtt. Doranner gesäit een e Mann, deen e Fiels eropklëmmt an zwee Zaldote freet, ob si hie laanscht kënne loossen. Ee vun den Zaldote wërft doropshin e Steen an d'Richtung vum Mann. Obwuel de Video aus der Distanz gefilmt ass, kann een erkennen, datt de Mann bei zwee Männer kënnt, déi eng Uniform ganz änlech vun de marokkaneschen Zaldoten un hunn an déi een och an dem manipuléierte Bild erkennt. De Steen awer, dee gehäit gëtt, ass däitlech méi kleng. De Video gouf, dem Noriichtesender no, net wäit ewech vun der marokkanescher Grenzstad Fnideq opgeholl, no beim Grenziwwergang vu Bab Sebta a Richtung Ceuta. E méi laange Facebook- Video gouf de 3. August 2026 vun der algerescher Noriichteplattform Algeria Gate publizéiert, deen déi selwecht Zeen aus engem anere Wénkel weist (archivéiert hei ). D'arabesch Beschreiwung beim Post seet: " Video aus engem aneren Wénkel... Eng brutal Attack vun de Söldner vum Makhzen op e marokkanesche Migrant, deen aus der Häll #Marokko a Richtung #Ceuta flüchte wollt ." Am Video eskaléiert d'Situatioun, wéi en zweeten Offizéier dobäikënnt a béid de Mann mat hirem Gummisknëppel schloen, wärend hie probéiert, sech ze verdeedegen. En drëtten Offizéier, deen e "Riot-Schild" bei sech huet, schéngt anzegräifen an hëlleft dem Mann opzestoen. Do hält de Video dann och op. Bei weiderer Recherche sinn d'Faktenchecker vun der AFP op en drëtte Video gestouss, dee vum marokkaneschen Noriichteportal Hespress English den 31. Juli 2026 publizéiert gouf ( hei archivéiert). "Tëscht de Sécherheetsleit an de Migranten ass e Sträit, bei deem Steng geflu sinn, un der Grenz mat Ceuta ausgebrach, nodeem et zu Spannungen duerch de massiven Undrang vu Migranten un der Grenz zu der spuenescher Enklav koum" , steet an der Iwwerschrëft vum Hespress. Am Clip sinn däitlech méi marokkanesch Zaldoten an och Zivilisten ze gesinn, déi Projektiller openee schéissen. D'Hespress huet méi spéit gemellt , datt och Leit verhaft goufen (archivéierten Artikel hei ). Vergläichbar Elementer fënnt een och an de Videoe vun Tanja7, Algeria Gate an Hespress – dorënner de stengege Buedem an d'Uniforme vun den Offizéier. Eng markant blo Stroosseluucht, déi genee esou ausgesäit, wéi déi am Virgrond op dësem Google-Maps-Foto vun der Promenade zu Fnideq, ass och z'erkennen. Méi fréi am Dag, wéi d'Kläpperei opgeholl gouf, hu Fotografe vun der AFP bei der Plaz dausende Leit gesinn, déi fréi moies um Hiwwel stoungen. Dorënner sinn déi selwecht blo Stroosseluuchte laanscht d'Strooss z'erkennen. De Fotograf Abdel Majid Bziouat huet AFP Fact Check gesot, datt seng Fotoen un an der Grenzregioun virun der Grenz mat Ceuta opgeholl goufen. " Ech stoung tëscht de Migranten an de Sécherheetsautoritéiten ", huet de Bziouat erkläert. " D'Sécherheetsleit hunn Tréinegasgranate geschoss an och mat Steng geworf. " Zu deem Zäitpunkt stoungen d'Sécherheetsleit e bësse méi wäit vir an engem Strooss vis-à-vis, esou datt si d'Hiwwelen, op deenen d'Migrante waren, am Bléck haten. " Wat d'Foto ugeet, déi weist wéi en Offizéier e Migrant mat engem Steen ugräift. Ech ka mech net drun erënneren, dëst Bild an der nationaler Press gesinn ze hunn, " sot de Bziouat. "Et schéngt éischter, datt et haaptsächlech an de soziale Medien den Tour gemaach huet " De Bziouat huet och drop higewisen, datt "déi, déi blo Uniformen un hunn, Policebeamte sinn, wärend déi mat de méi gréngen Uniformen zu de supplementären Ekippe gehéieren". D'AFP Fact Check huet verschidde Biller a Videoe widderluecht , déi iwwer d’Ceuta-Kris op den Online Plattformen am Ëmlaf sinn.
2026-08-22 13:00:00